logo

Demo Website

Mam School Web Manager op oli.lu kann elo jiddereen säin eegene Schoulwebsite bauen.

Den oli.lu School Web Manager ass méi performant, méi séier a gläichzäiteg awer och vill méi einfach ze benotzen wéi aner Tools.

E neie Schoulsite ass ganz séier gebaut, du kanns alles selwer maachen, ouni Formatioun, ouni Hëllef a komplett gratis!

Innovativ Aarbechtsplattform

Mat der virtueller Klass gëtt däi Schoulwebsite zur interaktiver an innovativer Aarbechtsplattform um Web.

Mat der Schreibwerkstatt schreiwen d'Schüler Texter, déi automatesch um Website publizéiert ginn soubal se fäerdeg sinn.

D'Schreibwerkstatt ass e richtege Redaktiounssystem, mat deem den Enseignant ëmmer den Iwwerbléck iwwer all Schülertexter huet.

Däi Klassewebsite gëtt automatesch à jour gehalen, matt News, Blog a Fotogalerien. Doriwwer eraus kënne Schüler an Enseignanten hir eege Projeten a Form vun engem Wiki online setzen.

D'virtuell Klass bidd ganz vill weider interessant Funktiounen, sou kann een och zum Beispill Wochepläng geréieren an individuell Aarbechtspläng fir d'Schüler opstellen.

Firwat en Demo Site?

Nierft bekannte Funktiounen wéi Schoulsite, News, Blog, Fotogallerien, Wiki, Projeten a Bibliothéik ginn et awer nach ganz vill weider innovativ Funktiounen, déi et an dëser Form bis elo nach net gouf.

Op dësem Site gesäis de en Deel dovun, wat een mam School Web Manager maache kann. Et gëtt och erklärt, wéi een déi verschidde Saachen ëmsetze kann.

E Site wéi deen hei kanns du a ganz kuerzer Zäit selwer bauen, ouni eppes ze programméieren an ouni dech musse mat techneschen Detailer erëmzeploen.

©2017 oli.lu Demo Website
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
Do It Yourself!

Mam oli.lu School Web Manager kanns de alles selwer maachen, ouni Hëllef an ouni Formatioun!

Layout & Design

Du kanns selwer an ouni groussen Opwand den Design, d'Faarwen an d'Biller vun dengem Website änneren.

Menü & Säiten

Du kanns ganz einfach Säite bäimaachen an och ouni Hëllef Menüs änneren.

Gratis

Däi Schoulwebsite ass gratis, mat 10 GB Späicherplaz fir Biller an Dokumenter!

spacer
Et ass immens einfach fir Biller eropzeluden, online ze setzen an attraktiv duerzestellen. Och Fotogalerien si séier publizéiert.
Super einfach!

Du kanns däi Website ganz einfach zesummebauen a flott an dynamsch maachen, andeems de "Widgets" benotzt. Widgets kënnen Texter, Biller, Fotoën, Videoën awer och aner Elementer wéi zum Beispill Kalenneren oder Landkaarte sinn.

spacer