logo

Demo Website

Mam School Web Manager op oli.lu kann elo jiddereen säin eegene Schoulwebsite bauen.

Den oli.lu School Web Manager ass méi performant, méi séier a gläichzäiteg awer och vill méi einfach ze benotzen wéi aner Tools.

E neie Schoulsite ass ganz séier gebaut, du kanns alles selwer maachen, ouni Formatioun, ouni Hëllef a komplett gratis!

Innovativ Aarbechtsplattform

Mat der virtueller Klass gëtt däi Schoulwebsite zur interaktiver an innovativer Aarbechtsplattform um Web.

Mat der Schreibwerkstatt schreiwen d'Schüler Texter, déi automatesch um Website publizéiert ginn soubal se fäerdeg sinn.

D'Schreibwerkstatt ass e richtege Redaktiounssystem, mat deem den Enseignant ëmmer den Iwwerbléck iwwer all Schülertexter huet.

Däi Klassewebsite gëtt automatesch à jour gehalen, matt News, Blog a Fotogalerien. Doriwwer eraus kënne Schüler an Enseignanten hir eege Projeten a Form vun engem Wiki online setzen.

D'virtuell Klass bidd ganz vill weider interessant Funktiounen, sou kann een och zum Beispill Wochepläng geréieren an individuell Aarbechtspläng fir d'Schüler opstellen.

Firwat en Demo Site?

Nierft bekannte Funktiounen wéi Schoulsite, News, Blog, Fotogallerien, Wiki, Projeten a Bibliothéik ginn et awer nach ganz vill weider innovativ Funktiounen, déi et an dëser Form bis elo nach net gouf.

Op dësem Site gesäis de en Deel dovun, wat een mam School Web Manager maache kann. Et gëtt och erklärt, wéi een déi verschidde Saachen ëmsetze kann.

E Site wéi deen hei kanns du a ganz kuerzer Zäit selwer bauen, ouni eppes ze programméieren an ouni dech musse mat techneschen Detailer erëmzeploen.

©2021 oli.lu Demo Website • Terms of usePrivacy policyCookie SettingsContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
oli.lu School Web Manager Logo