Allgemeng Froen
Wéi ass et méiglech, dass de School Web Manager gratis ass?
Mir sinn eng ASBL, mir entwéckele fräi Software a gratis Community Plattformen. Finanzéiert gëtt dat iwwer Reklammen, Sponsoren an Dons. Du kanns gäeren en Don maachen wann dir den oli.lu gefällt.
Wéi ass et méiglech, dass de School Web Manager méi séier ass wéi ähnlech Programmer?
Dat läit un engem gudde Mix aus Hardware, Software a User Interface.
Firwat gesinn e puer Funktiounen ähnlech wéi bei OLEFA aus?
Dat ass keen Zoufall, den Entwéckler vum oli.lu School Web Manager ass och den Erfinder vun OLEFA.