logo

Design & Layout

Kann ech den Design/Layout vu mengem Site selwer komplett änneren?

Jo! Bis op e puer Detailer, wou et aus technesche Grënn net méiglech ass.

Oh jee, ech hunn awer keng Ahnung dovun, wat maachen?

Déi meeschte Saachen kanns de ouni Coden, ouni Programmatioun an ouni Virwësse maachen. Probéier mol, mir hu versicht et wierklech einfach ze maachen. A wanns de trotzdem net eens gëss, da schéck eis einfach e Mail!

Kann ech och just mäi Logo dropsetzen?

Jo! Du kanns eng vun eise Virlage benotzen an da just däi Logo dropsetzen (am JPEG Format). De jeweilige Logo kanns de awer och als Photoshop Dokument eroflueden (.psd), editéieren an dann rëm als JPEG eroplueden.

Kann ech och all Grafiken / Biller ersetzen?

Kee Problem, an deem Fall muss de "mäin eegenen Design" auswielen. Elo kanns de dann all d'Grafiken eroplueden, an de Site gëtt genee esou wéis du et wëlls.

Kann ech och HTML, CSS a soss alles änneren?

Och dat geet, da muss de den "Expertenmodus" aschalten. Do kanns de dann däin eegenen HTML and CSS Code asetzen. Maach dat awer nëmmen, wanns de dech e bëssen auskenns a wanns de Zougrëff op verschidde Browser op verschidde Betriebssystemer hues fir ze testen.

©2021 oli.lu Demo Website • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
Hëllef!

Net jiddereen gëtt mam Photoshop eens, a net jiddereen huet Erfahrung am Beräich Design oder Layout.

So eis einfach Bescheed wanns de Hëllef brauchs!

Bei klenge Saachen hëllefe mer gäer, a mir kennen och vill Leit déi esou Saache gutt kënnen an dir dann och e professionelle Service bidden.

spacer