logo

Website

Ka jiddereen just ee Website maachen?

Du kanns esou vill Website maache wéis de wëlls, zum Beispill fir verschidde Schoulgebaier oder Projeten.

Mir wëllen zu méi Leit ee Website maachen, wéi geet dat?

Eng Persoun muss de Website opmaachen, dat ass dann de Besëtzer vum Website ("owner"). De Besëtzer kann dann déi aaner Leit als Administrateure bäisetzen.

Wat ass e Schoul-Environnement?

Wa Websiten zesummen an enger Grupp ("Schoul-Environnement") sinn, da kënnen se op gemeinsam Ressourcen zréckgräifen (zB News, Schüler a Klassen). Esou kanns de zum Beispill en Environnement fir eng Gemeng maachen, an dann dorënner Schoulsiten fir all Gebai.

Säiten, Paragraphen, Widgets & Sidebars

Wéivill Säite ka mäi Site hunn?

Du kanns an all Website esou vill Säite bäimaache wéis de wëlls. Am School Web Manager kanns de deng Säiten iwwersiichtlech an enger Baamstruktur organiséieren.

Wat ass e Paragraph?

All Säit besteet aus engem oder méi Paragraphen. E Paragraph kann en Text sinn, du kanns awer och zum Beispill e Bild oder e Video dobäi maachen. Bei all Paragraph kanns de d'Faarwen an d'Schrëften änneren.

Wat ass den "Inline Editor"?

Text-Paragraphen kanns de direkt um Website änneren, dat geet dofir ganz séier (du brauchs net an d'Administratioun). Du kanns natirlech och ganz einfach Schrëften änneren.

Wat ass e Widget?

E speziellen Typ vu Paragraph ass de "Widget", mat deem kanns de "dynamesch" Inhalter wéi News, Blogs, Kalenneren, Klassen asw op de Site setzen.

Wéi kann ech séier de Layout vun enger Säit änneren?

Lénks a riets op all Säit kanns de mat e puer Klicks eng Sidebar maachen, do kanns de dann och Widgets dropsetzen.

©2021 oli.lu Demo Website • Terms of usePrivacy policyCookie SettingsContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
oli.lu School Web Manager Logo
Regelen

Du kanns esou vill Website maache wéis de wëlls, et gëtt awer e puer Conditiounen:

1. Däi Website muss eppes mat Schoul ze dinn hun (och wann et net onbedingt e "Schoulsite" ass). Et kann och zum Beispill e Projet, eng Klass oder en Team sinn, eng Equipe, däi private Site oder wat och ëmmer...

2. Däi Website däerf net géint d'Regelen vun der Community verstoussen.

"Quatsch-Siten" a Websiten déi géint d'Regele verstoussen gi vun eis rëm geläscht.

spacer