logo

Schüler & Klassen

All Klass huet hiren eegene Beräich um Schoulwebsite, mat eegenem Blog, Texter, Infosäiten a Stonneplang.

Et ass immens einfach seng eege Klassesäiten à jour ze halen, fäerdeg Schülertexter kënnen op Wonsch souguer automatesch online gesat ginn.

Virtuell Klass

Mat der Virtueller Klass gëtt et elo ee vun den innovativsten Aarbechtsenvironnmenter fir Schoulklassen an Teams.

D'virtuell Klass kann de produktiven Asatz vu Computer an der Klass revolutionéieren a gläichzäiten erliichteren.

Schreibwerkstatt, Wochenplang an eng ganz Rei aaner Web Apps hëllefen Enseignanten a Schüler, den Unterricht modern ze gestalten, ze differenzéieren a gläichzäitig den Aarbechtsopwand enorm ze reduzéieren.

D'virtuell Klass ass net nëmme fir Schoulklassen - jidderee kann eng virtuell Klass opmaachen a säi Wëssen aanere Mënschen weltwäit zur Verfügung stellen.

You chose not to trust cookies on this website, which means that some features may not be available or operational. If you'd like to enable cookies for this site, then go to the Cookie Policy tab in the lower left corner of the screen and press the yellow "accept cookies" button. Thank you.
©2019 oli.lu Demo Website • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
Computer an der Schoul

Computer sollen eiser Meenung no:

- sënnvoll an der Schoul agesat ginn - se solle feste Bestanddeel vum Schoulalldag sinn a Léierprozesser positiv beaflossen (keng "Pausefëller"),

- Schülern hëllefen méi séier, méi effizient a méi selbststänneg ze léieren,

- produktiv Aarbecht erliichteren andeems een sech op de Contenu konzentréiere kann,

- hëllefen ze differenzéieren ouni dobäi den Iwwerbléck ze verléieren.

spacer
Schreibwerkstatt

Mat der "Schreibwerkstatt" schreiwen, iwwerschaffen a verbesseren d'Schüler hir Texter. Biller, Fotoën an Texter kënnen iwwersiichtlech geréiert a mat e puer Klicks gedréckt oder um neie Schoulwebsite publizéiert ginn.

Wocheplang

Mat der "Wochenplang" App kanns de Aarbechtspläng maachen, déi un d'Besoins vun all eenzelne Schüler ugepasst sinn. Mat den "e-Learning Apps" op oli.lu kanns de individualiséiert Übungen an Aarbechtsblieder maachen an esou den differenzéierten Unterrecht ënnerstëtzen.

spacer