logo

Schreibwerkstatt

D'Schreibwerkstatt ass en Online Texteditor fir Schoulen, Klassen, Teams an Aarbechtsgruppen. Se hëlleft Schülertexter séier an einfach ze geréieren. D'Schreibwerkstatt ass e richtege Workflow Management System:

Schüler an Enseignante kënnen de ganze Prozess vun der Textcréatioun geréieren - opmaachen, iwwerpréiwen, verbesseren a korrigéieren, zusamme setzen, ausdrécken an um Web publizéieren.

D'Schreibwerkstatt ass e konstruktivisteschen Tool: de Schüler gëtt zum Schrëftsteller, schreift an iwwerschafft eegen Texter, Geschichten oder Aufsätz. De Redaktiounssystem hëlleft dobäi, d'Aarbechtsschrëtter fir Schüler an Enseignanten iwwersiichtlech duerzestellen - den Enseignant huet zu all Moment den Iwwerbléck iwwer all Schülertexter, déi sech momentan an Aarbecht befannen.

Texter kënnen uschléissend ganz einfach am Internet publizéiert ginn. Op Wonsch kënne fäerdeg Texter och automatesch um Schoulwebsite publizéiert ginn.

D'Schreibwerkstatt hëlleft sou, den Aarbechtsopwand beim Emgang mat Texter immens ze reduzéieren, Schüler an Enseignante kënnen sech op hir kreativ Aarbecht an op de Contenu konzentréieren während d'Technik de Rescht am Hannergrond erledegt.

Texter kënne vun all Computer aus verschafft ginn, Disketten, USB Sticks a Server ginn iwwerflësseg. Backups ginn automatesch gemaach (inkl. Autosave) an et kann een aal Versioune vun den Texter zu all Moment rëm zréckruffen.

Selbstverständlech kënne Schüler an Enseignanten hir Texter och vun doheem aus opmaachen a verschaffen.

©2021 oli.lu Demo Website • Terms of usePrivacy policyCookie SettingsContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
oli.lu School Web Manager Logo