logo

Wochepläng

Mat oli.lu kënnen Enseignanten komplett Aarbechtspläng fir Schüler zesummenstellen, geréieren an iwwerpréiwen.

D'Schüler kënnen dobäi pro Fach an Interessen- a Leeschtungsgruppen agedeelt ginn. De jeweilige Gruppe ginn dann ugepassten Aufgaben zougedeelt. Sou mecht een ganz einfach individuell Aarbechtspläng fir seng Schüler an d'Emsetzung vum differenzéierten Unterrecht gëtt immens erliichtert.

Wann all Schüler en individuellen Aarbechtsplang huet, da riskéiert ee schnell d'Iwwersiicht ze verléieren. Mee och hei gett et eng Léisung:

Engersäits kënnen d'Schüler hir Fortschrëtt op de gedréckte Pläng dokumentéieren, anerersäits kënnen d'Enseignanten all Aarbechtsschrëtt direkt um Computer festhalen. D'Androen geet séier an déi entspriechend Web App bitt e kloeren Iwwerbléck iwwer sämtlich Fortschrëtter vun alle Schüler.

Och fir den Dateschutz ass gesuergt: déi ganz virtuell Klass inklusiv den Aarbechtspläng kann een op Wonsch anonym bedreiwen, sou dass es net méiglech ass Réckschlëss op d'Klass oder d'Identitéit vun de Schüler ze zéien.

©2021 oli.lu Demo Website • Terms of usePrivacy policyCookie SettingsContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
oli.lu School Web Manager Logo