|
|||
Sidebars Op all Säit kanns de (wanns de dat da wëlls) lénks an/oder riets eng "Sidebar" maachen, sou dass de Contenu vun denger Säit méi strukturéiert ass.
An esou enger Sidebar kanns de natierlech och all Widgets benotzen, du kanns also och hei ganz séier an einfach Texter, Fotoën, Videoen an Toundokumenter asetzen.
Hei e puer Beispiller vu Foto-Widgets:
Medien All Website op oli.lu huet säin eegene Beräich fir Biller, Fotoën, Videoën an aaner Dokumenter. Klassen All Klass huet säin eegene Medie-Beräich, an deem d'Enseignanten an d'Schüler Fotoën an Dokumenter geréiere kënnen. Un dëse Medie-Beräich kënns de iwwer deng virtuell Klass. Upload Du kanns direkt all d'Fotoën vun engem Album zesummen eroplueden, an du brauchs dofir mol keen extra Programm, alles leeft direkt am Web Browser.
D'Fotoën ginn automatesch kompriméiert scho ier se eropgeluede ginn, sou dass den Upload séier an zouverlässeg funktionnéiert.
Du brauchs der also keng Gedanke méi iwwer Bildgréissten, Kompressiounen oder ähnleches ze maachen. 10 GB gratis! Fir deng Schoulsäiten stinn dir 10 GB (Gigabyte) Platz op eise Server gratis zur Verfügung - dat ass zimlech vill, du kanns ouni weideres 40000 bis 50000 Fotoën eroplueden!
|
